En Dossier ( 42 Saiten) iwwer d'Villercher am Wanter. Di eng bleiwen hei a siche Schutz firun der Keelt, déi aner fléien an de Süden an d'Sonn. An dësem Dossier fannt dir verschidde Fichen (Orientatioun, Puzzle, schneiden, Moldiktat, Vue, Kierperschema vum Villchen, Algorithmus, V (Buchstarf), Gréissten, ...) + Memoryspill + Referenziell Zuelen + Plommespill
E klengen Dossier iwwer d'Ee wat sech zum Jippelchen entwéckelt mat verschiddene Fichen aus verschiddene Kompetenzberäicher. Dobäi sinn och "Graphisme" Kaarten, d'Schema vum Hong an de Wee vum Ee zum Jippelchen. Vill Spaass a schéin Ouschteren :) Merci datt dir dësen Dossier NET deelt LG Faby J.
Mäin Dossier iwwer Lëtzebuerg soll d'Kanner dobäi ënnerstëtzen eist Land e bësse besser kennen ze léieren. Folgend Fichen sinn dran ze fannen: - 2x d'Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel - 1x d'Bild vum Palais vervollstännegen (faarweg molen an dobäi molen wat feelt z.b.: Zaldoten) - Vokabulär iwwer Lëtzebuerg - 1x Silbeklappen - 1x Algorithmus - 1x Ausmolbild SW + 1x mat e bëssi Faarf - 1x Sichbild - 1x Vokabelaufgab - 1x Zifferen erkennen + Diamante päschen - 1x Puzzle - 3x Wee sichen - 2x Europa
Eng flott 34 Säiten iwwer den Ouschterhues an de Beräicher Mathé, & Sprooch z.b.: Graphisme, Quantitéiten, Zifferen, Buschtawen, Liewenszyklus vum Hues a vum Hung, Ënnerscheed zwëschent Hues a Kanéngchen,... Vill Spaass a schéin Ouschteren LG Faby j.
Kuerz a knackeg opschreiwen, resp. ukräize wat d'Kand scho kann/weess. All "Aufgab" ass op LUX an op FR uginn datt FR Elteren et och kéinte verstoe falls een dëst am Bilan dobäi wéilt huelen. Esou kann een den Eltere mat visuelle Beispiller weise wat schrëftlech gemengt ass. Ech hunn och eng kleng Checklëscht bäigesat wou ee just ukräize kann. Ech wënsche jidderengem erfollegräich Bilansgespréicher ;) LG, fabY J.
Nach rechtzäiteg hei fir déi di hire Kanner Nationalfeierdag mi no wëlle bréngen. An dësem Bëndel vun 18 Säiten fannt dir Fichen aus verschidde Kategoriën wéi Mathe, Sichbiller, Dots, Kroun + Fändel fir ze bastelen, Sprooch Vill Spaass dobäi a Merci fir äert Vertrauen datt dir dëse Bëndel fir Iech haalt LG Faby J.
Dësen Dossier enthält Spiller a Biller zur phonologescher Bewosstheet zum Buch « de Raup deen Lächer mécht » D’Käertercher sinn a verschiddene Faarwen Gréng: Lauschterkäertercher Rout: Silbeklappen Blo: Reimen Dat si genau déi selwecht Faarwen déi och beim SILA vum Ministère de l’éducation benotzt ginn. D'Käertercher vun déi richteg Gréisst, datt se och an de grousse Wierfel passen. P.S.: Fir d’Wieder ORANGE a WURSCHT ass mir kee Reim agefall. Falls dir ee kennt kënnt der mer gär e Message maach
Hei e puer Aufgaben aus de verschiddene Kompetenzberäicher ( Mathe, Sprooch, Feinmotorik,...) zum Thema Halloween awer haaptsächlech Hexen. All Aufgab ass eemol fir den C 1.1. an eemol fir den C 1.2.. Verschidden Aufgaben sinn och dem Précoce gerecht zumools den HEXENZAUBERSPROCH ;) Vill Spaass dobai :) a w.e.g. bleift fair LG Faby
Dëst klengt Buch ass vill méi wéi nëmmen en Heftchen – et ass eng wäertvoll Erënnerung un all déi flott Momenter, Erfolleger a Frëndschaften aus dem vergaangene Schouljoer. D'Kanner kënnen hir schéinsten Erënnerungen festhalen, iwwer dat nodenken, wat si geléiert hunn, a gläichzäiteg mat Freed op dat nächst Schouljoer virukucken. Mat Plaz fir Gedanken, Zeechnungen a perséinlech Erënnerungen gëtt all Buch zu engem eenzegaartegen Undenken. 🌟 Erënnere sech un déi schéinste Momenter 🌟 Stolz op da
E flotten Dossier iwwer en Artist dee vill mat Uebst a Geméis schafft. - wien ass den G. A.? - Mathé: logesch Denken, Zifferen erkennen, deelen, Tableau à double entré - beobachten - ënnerscheeden - Kreativitéit lg faby J.
Hei mäin Dossier iwwer de Fräsch fir den c 1.1. an c 1.2.: Mathe (zesumme rechnen,orientation spatiale + Gréissten, Wierfelbild erkennen, Zifferen erkennen, méi grouss oder méi kleng, Wierfelspill,...) 2 Bastelfierlagen fir e Wierfel Sprooch (Schrëftsprooch, Sproochverständnis,...) Fiche "dem Fräsch seng Metamorphose"
Hallo, dësen Dossier hunn ech an Zesummenaarbecht mat zwee Petzien a mat der Hëllef vu Kanner opgebaut. E besteet aus klenge Kaarte mat Yogafigueren drop, méi grousse Kaarte mat Yogapositiounen drop PLUS d'Bild fir d Verständlechkeet (zb. Kaz, Hond,...) a Gefillskaarten wou de Meddibär frou, traureg, rosen,... kuckt. Einfach well ech denken datt et och wichteg ass d'Gefiller vun der Kanner an de Yoga mat an ze bauen. Ganz zum Schluss hunn ech och e Bild fir auszemolen dobäi gesat. Vill Freed an
Hei en Dossier iwwer dat neit Joer 2022. Ech hunn d'Thema "Houfeisen" gewielt well ech et immens flott fannen aus engem richtegen Houfeisen en Dreamcatcher ze bastelen, fir datt am neie Joer keng schlecht Dreem méi ronderëm schwiewen :) a nach dobäi bréngt et Gléck. Päerd a Gléckskléiblieder feele natierlech och net :) Folgend Fiche sinn am Dossier: (all faarweg Fiche ass och am schwarz/weiss dobai) - Sichbiller - Zifferen erkennen/ zielen - Richtung/ Orientatioun - 2022 - Schieter erkennen -
Ech hunn en Dossier iwwer de Liefkuchemann/ Boxemännchen zesumme gestallt. E passt zum Buch "the gingerbread man" awer kann och problemlos ouni d'Buch genotzt ginn well ech d'Geschicht a menge Wieder an den Aufgabe geschriwwen hunn. Am Dossier sinn: -Wierfelspill/ Fiche - Symmetrie - Geschicht - Spréchelchen - Spigelbild/ Zwilling - Sich de Feeler - Vu grouss op kleng/ kleng op grouss - 2D Bastel - coding: fann de Wee Vill Spaass dobäi a Merci datt dir den Dossier fir Iech haalt :) LG faby
En Dossier iwwer d'Kaweechelchen - wat ësst et? - wien si seng Feinden? - wou wunnt et? Hei fannt dir Fichen + Bastelaarbeschten fir de Kanner d'Kaweechelchen e bëssi méi no ze bréngen. vill Spaass domadder a Merci datt dir dësen Dossier net deelt :) LG Faby J.
Hei ass d'Virlag fir e Kalenner ze "bastelen" déi ech och a menger Klass benotzen. Et gi vill Méiglechkeeten wéi een säi Kalenner opstellen wëll. An dësem Dossier fannt dir folgend Material dozou: - Zifferen 0- 31 - d'Wochendeeg - Wiederkaertercher - Mountkaertercher - Joereskaertercher - Biller mat de Sortien wéi z.b. Bësch, Turnen, Schwammen,... an dat alles an zwou verschidde Gréissten jeeweils. + nach eng Gréisst op Wonsch vun enger léiwer Keeferein Vill Spaass beim bastelen :) an e gu
E klengen Dossier virun der Summervakanz mat e bëssi Plage a Mier dran. Haaptsächlech fënns du hei Aufgaben a "Flash cards" vun der d'Ënnerwaasserwelt. An dem Sënn, eng schéi Vakanz gewënscht LG Faby j.
PreK - K
Coloring Pages, Numbers, Vocabulary
$7.80
Original Price $7.80
Showing 1-20 of 110 results
TPT is the largest marketplace for PreK-12 resources, powered by a community of educators.